D'Faarf bliedert of
Wou d'Faarf fort ass, kënnt Fiichtegkeet an d'Mauer – a mat hir Rëss a Fraaschtschied.
Mir botzen, reparéieren a sträichen Är Fassad esou, datt se Wand a Wieder erëm jorelaang standhält. Mat engem festen Devis, engem fixen Oflaf an enger propperer Baustell.
Wat haut nëmmen eppes klenges as gëtt muer schons zum riesen Schued.
Wou d'Faarf fort ass, kënnt Fiichtegkeet an d'Mauer – a mat hir Rëss a Fraaschtschied.
Op der Nordsäit setzt sech Moos fest. Dat gesäit schlecht aus an hält d'Mauer naass.
Kleng Rëss ginn all Wanter méi grouss, bis d'Waasser bis an d'Isolatioun kënnt.
Devis no Wochen, Termin verréckelt, Gerüst steet eleng do – Stress, deen Dir net braucht.
Mir fänken net mat dem Pinsel un, mee mat der Analyse. De Patron kënnt selwer, kontrolléiert d'Fassad a seet Iech éierlech a transparent, wat néideg ass – a wat net.
Silikonharz-, Silikat- oder Dispersiounsfaarf – mir huelen déi, déi zu Ärem Botz an Ärer Lag passt.
Mat Héichdrock oder xxxx, jee no Uewerfläch – ouni de Botz ze beschiedegen.
Rëss, Ofplatzungen a mierfxx Platzen ginn zougemaach, éier gestrach gëtt.
De grénge Belag kënnt ewech – an e Schutz suergt derfir, datt en netmei esou éier erëmkënnt.
Sockel, Fënsterbänken a Leeschte maache mir genee esou proper wéi d'Fassad.
Eng waasserofweisend Schicht, déi d'Fassad dréchen hält an hir Liewensdauer verlängert.
Mir kucken eis se onverbendlech un a soen Iech, wat wierklech gemaach muss gin.
D'Vinothek Mistral zu Iechternach huet eng nei Fassad kritt – net just vir, mee ronderëm d'ganzt Haus. All Säit, all Eck.
Matten an der Stad, wou all Dag Leit laanscht ginn, zielt all Detail. Mir hunn d'Fassad Stéck fir Stéck nei gemaach, bis och déi lescht Kant gestëmmt huet.
Kuckt Iech d'Resultat am Video un.
Familljebetrib zënter 1979 – an der zweeter Generatioun.
Vum Eefamilljenhaus bis zur grousser Residenz.
Well mir propper schaffen an eis un Ofmaachungen halen.
Dir wësst vun Ufank un, wie kënnt, wat gemaach gëtt a wat et kascht. Keng Iwwerraschungen, kee Rumtelefonéieren.
Dir sot eis kuerz, ëm wat et geet. Mir mellen eis séier fir e Rendez-vous bei Iech op der Platz.
De Patron kuckt sech d'Fassad op der Platz un. Den Daag drop kritt Dir e kloren a festen Devis - Punkt fir Punkt.
Gerüst, Ofdecken, Reinegung, Reparatur, Ustrach – alles no Plang, esou wei mir et ofgemaach hunn.
Mir raumen a botzen, gi mat Iech ronderëm d'Haus an fueren eréischt Heem, wann Dir zefridde sidd.
Fënsteren, Terrass a Gaart ginn ofgedeckt. Mir verloossen d'Plaz esou, wéi mir se fonnt hunn – just mat enger neier Fassad.
Wat am Devis steet, gëllt. Keng Iwwerraschungen op der Rechnung, keng Zousaz-Positiounen ouni Ären Accord.
Mir deelen Iech den Ufankstermin an d'Dauer vun de Aarbechten am Virfeld mat – an halen eis drun.
Ech komme selwer bei Iech, maachen den Devis selwer – an ech stinn dorfir an.
Am beschten tëscht Abrëll an Oktober, wann et dréchen ass an iwwer 5 °C. Plangt fréi – déi bescht Terminer si séier fort.